Articles

15.09.2015

« Musek fir ze kucken », l'émission sur 100,7, débutera mercredi 16.9. à 13h30 !

La FLAC est fier d’annoncer la première émission de la série “Musek fir ze kucken”, consacrée aux compositeurs Luxembourgeois de musique de film, qui sera diffusée demain mercredi 16.9.2015 à 13h30 sur la radio 100,7. La première émission sera consacrée à l’histoire plus générale de la musique de film Luxembourgeoise de 1920 à 1989.

Voici l’interview avec Isabelle Wiltgen, qui a concipé et modéré “Musek fir ze kucken”:

Dir befaasst Iech an dëser Serie ausschliisslech mat Lëtze- buerger Komponiste: kann ee vun engem Lëtzebuerger Stil an der Filmmusek schwätzen?

W.: Aus menger Siicht ass et am allgemengen an der Film- musek schwiereg, vun engem Nationalstil ze schwätzen. Natierlech associéiert een e bestëmmte Klang mat der Hollywoodfilmmusek zum Beispill, mä do kann een trotzdem net vun engem eenheetlechen Hollywoodstil schwätzen, well hannert all Kompositioun ee bestëmm- ten Individuum, mat sengem eegene Stil stécht. Genee sou ass et och mat der Lëtzebuerger Filmmusek. Vue datt d’Lëtzebuerger Filmkomponisten all aus verschid- dene Beräicher kommen, sief et aus der klassescher Musek, aus dem Jazz oder aus dem Rock- a Popberäich, brénge si ënnerschiddlech Aflëss an Erfahrunge mat, soudatt hir Kompositiounen och héchst individuell Sig- naturen hunn, déi een net all an een Dëppe geheie kann.

Wéi hänkt d’Filmmusek mam Beräich vun der klassescher Musek zesummen?

I. W.:Et gëtt Filmmusek a Filmmusek. Déi eng huet vill mat klassescher Musek ze dinn, déi aner manner. Mä vill Komponisten aus der klassescher Musek hu Film- musek geschriwwen, wéi zum Beispill de Sergej Proko- fiew oder den Hans Werner Henze, bei deem de Lëtzebuerger Komponist Marcel Wengler Assistent war. Vill kompositoresch Technike vun der Filmmusek kom- men aus der klassescher Musek, wéi zum Beispill d’Leit- motivtechnik. Natierlech notze Filmkomponisten hiert Wëssen, dat si vu klassescher Musek hunn. Zu Lëtze- buerg huet kee vun den Komponiste Filmmusek als solches studéiert, allerdéngs hunn déi meescht à la base eng klassesch Museksausbildung, an, och wa se elo keng klassesch Stécker schreiwen, profitéieren si natierlech vun dëser Ausbildung.

Den Numm vun der Serie léisst op eng visuell Qualitéit vu Musek schléissen. Gesitt Dir Musek als eng Kraaft, déi Biller an eis ervir rifft?

I. W.: Datt Musek eisen Denk- a Fillapparat ukuerbelt, dorunner ass keen Zweiwel. Sou wonnert mech net, datt deen een oder aneren, dee Musek héiert, dozou Biller gesäit. An der Filmmusek brauch de Mënsch dës Denk- leeschtung net ze maachen, do ass jo schonn e Bild. Do huet d’Musek virun allem d’Funktioun, d’Bild z’ënner- stëtzen, ze kommentéieren, oder ze kontrastéieren. Dat muss een, wann ee Filmmusek lauschtert, ëmmer am Hannerkapp behalen, datt d’Musek nëmmen een Deel vum Konschtwierk ass, och wann et Filmmuseke ginn, déi den Usproch hunn, onofhängeg vum Film ze funk- tionéieren. Dacks ass d’Musek awer am Déngscht vum Bild. An deem Sënn ass den Numm Musek fir ze kucken ze verstoen.

Wéi gesitt Dir d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Filmmusek?

I. W.:Zënter dem Joer 1989, dat Joer, wou de Lëtzebuer- gerFilm, wéinst Subventioune vum Staat professiona- liséiert konnt ginn, gëtt et hei am Land e Quotesystem dee bestëmmt, wéi vill “Lëtzebuerg” an engem Film muss sinn, fir datt ee vun de Steieravantage ka profi- téieren. An do huet d’Musek och e Quotient. Dee gouf an der Lescht vun 10 op 6 Prozent erofgesat, mir héieren an Zukunft also ëmmer manner lëtzebuergesch Musek an de Filmer. Ech hoffen, datt dee Quotient erëm erop geet, mä ech sinn do leider skeptesch.

En Interview mat der Isabelle Wiltgen, Réalisatrice vun der Serie.

Musek fir ze kucken - Mëttwochs 13:30 an 19:30 nei an der Saison 2015-2016 : Musek fir ze kucken /Filmmusek

http://www.100komma7.lu/lu/programm/programmesemissionfiche/n_276429/c_80/musek-fir-ze-kucken






Tags:


Commentaires